Hallo

Ee clever ageriichte RAUM, ee schéinen OBJET an dozou LÉIFT fir den Detail, si wichteg Bestanddeeler fir sech Doheem wuel ze fillen.

Du wëlls ee Raum optimal notzen an Du weess net wou a wéi s Du solls ufänken oder Dir feelt einfach d'Zäit dozou? Ech beroden Dech gären an engem perséinleche Gespréich a kucke mat Dir zesumme wéi mir Däi Wuelfillraum schafe kënnen.

Ech begleeden Dech vun der Berodung bis zum komplette Plang an der Ëmsetzung vun Dengem Raumprojet, esouwéi och dem Entworf vun individuelle Miwwel.

#wuelfillen

  • „Manner ass méi“

    Dat setzt ee gudde Plang a clever Miwwel als Ausgangspunkte viraus. Esou kann ee mat wéineg Miwwel ganz vill Raum schafen, deen dann net iwwerluede wierkt an nach dobäi zäitlos ass.

    Ech freeë mech vun Dir ze héieren an Dech an Dengem Projet ze begleeden.

  • Auszäiten

    Wéi eng kleng Vakanz am Alldag wou ee seng Batterien erëm opluede kann. Hei kann ee sech doheem e Raum oder en Eck an engem Raum schafe wou een ofschalte kann, wéi z.B. ee Lieseck, eng Sëtzbänk bei enger Fënster mat Ausbléck, jee nodeem wat fir ee selwer wichteg ass fir esou eng Auszäit.

Raum

Sech doheem wuel fillen – Auszäiten am Alldag fannen – optesch Rou a Kloerheet hänke ganz staark zesummen.

E gutt Liicht, eng clever Miwwelauswiel, passend Faarwen, ee gesond Raumklima, eng optimal Raumnotzung, genuch Stauraum, héichwäerteg Materiale sinn nëmmen e puer Punkten déi dozou wichteg sinn.

#minimalistisch

  • Berodung

    Du wëlls Däi Wunnraum méi gemittlech maachen, méi Uerdnung an optesch Rou am Alldag hunn a wëlls awer kee groussen Ëmbau oder Renovéierung? Hei kann ech Dir mat Rotschléi, Iddien an Inspiratiounsquelle weiderhëllefen, wéi's Du och mat engem klenge Budget a wéineg Opwand Däin Doheem kanns veränneren.

  • Ëmbau a Renovéierung

    Däin Doheem passt net méi zu Dir an du wëlls eng gréisser Verännerung? Zesumme kucke mir an engem éischte Gespréich wat s Du brauchs an ech këmmere mech ëm den Entworf, d'Pläng an d'Ëmsetzung vun den Aarbechten. Gäre beroden ech Dech och beim Choix vun de Miwwel, Faarwen a weider Materialien.

Kontaktéier mech einfach iwwert meng Email a beschreif mir kuerz ëm wat et bei Dengem Projet geet. Ech ruffen Dech dann esou séier wéi méiglech un an da kënne mir weider Detailer beschwätzen.

Objekt

#individuell

Gären hëllefen ech Dir weider an entwerfen oder sichen Dir ee Miwwel dee bei Dech, wéi och an Däi Raum passt. Dëst ka vun engem ganz einfachen, klenge Miwwel sinn oder engem multifonktionellem Miwwel bis hin zu engem Raum am Raum. D'Produktioun vun Dengem Miwwel bei engem gudden Handwierker gehéiert natierlech och dozou.

  • En individuelle Miwwel

    wéi ee multifonktionelle Miwwel oder ee Raum am Raum wou een z.B. eng Schlofplaz, verstoppte Stauraum a suguer eng kleng Buedzëmmer ënnerkrit an esou ee Maximum aus engem klenge Raum erauszitt.

  • Ze vill Auswiel

    Du kanns Dech net entscheeden, well einfach ze vill Auswiel do ass? Da kucke mir zesumme wat s Du genee brauchs an ech begleeden Dech bei Denger Auswiel.

    Oder bass Du op der Sich no bestëmmte Stil Miwwel oder Deko. Ech kann Dir e puer flott Iddien an Adresse ginn.

Liebe

Bei menger Aarbecht als Innenarchitektin leeën ech vill Wäert op eng qualitativ gutt an héichwäerteg Aarbecht mat méiglechst nohaltege Produiten. Ech schaffe gäre mat Materialie wéi Holz, Steen a Metall. Ëmmer no dem Motto – manner ass méi – fir en zäitlosen Interieur, mat deem ee laang glécklech ass an ëmmer erëm nei kombinéiere kann.

Ech freeë mech Däi Projet ze begleeden an Dech mat Rot an Dot ze ënnerstëtzen.

#detailverléift

#natierlech materialien

#nohaltegkeet

News

A mengem „WerkRaum“ bidden ech reegelméisseg Workshoppen zu dësen Themen un. Hei kriss Du eng ganz Rei un Informatioune mat op de Wee, wat bei der Ariichtung oder Renovatioun vun engem Raum wichteg ass. Dat ganzt an engem relaxe Kader, mat engem klenge Brunch inclus.

Sech umellen oder weider Informatiounen ufroen, geet ganz einfach iwwert meng Email oder iwwert den Kontaktformular op menger Website ënnen.

  • Workshop Moodboard

    Nächst Workshop'en sinn:

    Samschdes 21.12.2024 vun 10.00 - 14.00 Auer zu Iechternach

    Thema: eng kompakt Aféierung wéi ech eng gutt Raumwierkung erreechen duerch Liicht, Faarwen- an Materialkombinatiounen an duerno d'Zesummestellen vun Dengem perséinlechen Moodboard mat ofschléissendem Brunch zesummen.

    Käschtepunkt: 145€ / Persoun, d'Material Moodboard + Brunch inclus

    Info: den Workshop ass am Viraus ze bezuelen / bezuelt = ugemellt

Kontakt

Claudia Console
Innenarchitektin B.A.

6, Place du Marché
L-6460 Echternach
hallo@raumobjektliebe.lu
+352 20 26 02 07